12 nei PetitiounenSchaffwoch vu 4 Deeg mat Teletravail, Entschiedegunge vun CFL, gratis Vitaminnen

RTL Lëtzebuerg
12 nei Petitioune sinn um Site vun der Chamber online, déi bis de 17. November op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte brauchen, fir dass et zu engem Debat kënnt.

Ënnert anerem gëtt eng Schaffwoch vu 4 Deeg mat allkéiers 9 Stonne gefuerdert, mat 2 Deeg Teletravail. D’CFL soll bei Verspéidungen oder Ausfäll d’Passagéier finanziell entschiedegen.

Den ëffentlechen Transport an d’Autobunne sollen net méi gratis sinn.

Gratis Vitaminne fir op d’mannst ee Mount solle verdeelt ginn, fir datt een elo am Wanter besser geschützt ass.

Donieft gëtt nach gefrot, dass een d’Terrassen net méi dierf hëtzen, d’Steieren op Tubaksproduite solle verduebelt ginn an d’Banke solle gezwonge ginn, e besseren Service unzebidden.

Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO