
D'Schéier tëscht Aarm a Räich zu Lëtzebuerg geet ëmmer méi wäit op, dat sot de Generalsekretär vun der Kommissioun „Justice et Paix“ vun der Kathoulescher Kierch, Jean-Louis Zeien am RTL-Interview. Dei zoustänneg Kommissioun hat viru kuerzem hiren Avis iwwert d'Regierungspolitik an dëser Legislaturperiode ginn. An deem Kontext, wier d'Lutte géint den Chômage een vun de groussen Defisen. Well de Wirtschaftsmotor zënter de leschte Joren géif brummen, hätt een gemengt strukturell Problemer ewéi Chômage an Aarmut an de Grëff ze kréien, esou déi Kathoulesch Kierch. Et misst een awer constatéieren dat de Contraire geschitt ass.
Zënter 2011 ass den Aarmutsrisiko kontinuéierlech geklommen. Besonnesch alarmant wier d'Situatioun bei deene Jonken tëscht 18 an 24 Joer. Dowéinst misst een elo eppes maache fir d'Wunnengsproblematik an de Grëff ze kréien an dat d'Leit vun hirem Loun kéinte liewen, esou déi Kathoulesch Kierch. An deem Kontext, géif et net duergoen, just de Mindestloun eropzehiewen. De Generalsekretär vun der Kommissioun „Justice et Paix“, Jean-Louis Zeien, erkläert, dass et an der aktueller wirtschaftlecher Situatioun absolut onverständlech wier, datt d'Indexéierung vun de Familljenzoulagen eréischt um Enn vun der Legislaturperiod soll mat engem neie Mechanismus agefouert ginn.
D'Kathoulesch Kierch fuerdert dann och e gesetzlecht Aféiere vum Nohaltegkeetscheck. Dem Koalitiounsaccord no, sollt dëse schonn an der leschter Legislaturperiode agefouert ginn. Dat wier e Moyen fir ze kucken op nei Gesetzer ekologesch nohalteg sinn, a fir d'Liewensqualitéit vun de Leit hei am Land ze verbesseren, betount de Jean-Louis Zeien.
"Ouni ze vergiessen, datt mer och musse kucken wat fir eng Auswierkungen hu Gesetzer, déi mir hei maachen an engem globaliséierte Kontext op déi ekonomesch an ökologesch Realitéit"
Weltwäit ass de Schëffsverkéier an de Mierer geklommen. Der Kathoulescher Kierch no, wier et awer problematesch, datt de Schëffstraffik an de Mierer net spezifesch am Accord vun der Cop21 erwäänt gouf. De Jean-Louis Zeien fënnt et komesch, dass een am Koalitiounsaccord liest, datt en Ausbau vum Lëtzebuerger Schëfffaartssecteur soll gemaach ginn. On wat fir eng Aart vu Schëffer soll dann hei gesat ginn, freet sech de Jean-Louis Zeien.
Déi Kathoulesch Kierch wëll awer och hei am Land an de Beräicher Nohaltegkeet an dem Aarmutsrisiko eng gewësse sozial an ekologesch Ëmverdeelung vun der Gerechtegkeet. An deem Beräich géif et awer och ëm d'Erhale vun den natierleche Liewensgrondlagen vun de Mënschen an aneren Deeler vun der Welt goen, esou nach déi Kathoulesch Kierch.