D'Enquête leeft zwar nach, ma et rechent een domat, datt de Schëllege sech iwwer 2 Méint 90.000 Euro soll iwwerwisen hunn. De Mataarbechter war net direkt vun der Adem agestallt. Hie war en "prêt temporaire", deen extern iwwert eng grouss Lëtzebuerger Firma agestallt gouf. De Mann soll 6 Joer bei der Adem geschafft hunn.
Den Täter soll eleng geschafft hunn, esou den Dan Kersch de Moien. Ma et goufen nach weider Transferten. Gewosst ass awer, datt eng zweet Persoun, déi net op der Adem schafft, Suen iwwert de Wee kritt huet, erkläert den Dan Kersch.
Weider Detailer feelen awer. De CSV-Deputéierte Marc Spautz fuerdert e séiere Wandel, déi richteg Technologie kéint esou Virfäll ënnerbannen. Wann ee vum Pabeier ewechkënnt a méi bei d'Elektronik, gëtt et ëmmer méi schwéier, fir dat ze fälschen an nach méi Schmu kënnen ze maachen. Et ass nach ëmmer méi einfach, dat mam Pabeier a mam Tipp-Ex ze maachen, wéi dono elektronesch, seet de Marc Spautz.
De Bedruch ass opgeflunn, nodeems den Täter sech ze vill Suen op eng limitéiert Prepaid-Visa-Kaart iwwerwisen huet. Den Täter gouf bei der Adem virun d'Dier gestallt a gouf bei sengem Employeur an den Entretien geruff.