D'Schlass bei Schieren ass un d'Rout Kräiz vermaacht ginn, wat awer mam Gemaier, wat misst opwänneg nei gemaach ginn näischt kann ufänken.
D'Croix Rouge wëll verkafen an et soll elo am August ee Museksfestival um Site organiséiert ginn. D'Famill vun der fréierer Proprietärin fënnt dat onméiglech a reprochéiert dem Staat, deen d'Gebai schütze gelooss huet, an dem Roude Kräiz liichtfankeg mat der Proprietéit ëmzegoen.
Laien, ewéi mir, kéinten d'Impressioun hunn, dass esou e Festival, obschonns bestëmmt keen dat wëlles huet, awer esou munches kann zum Onwee maachen, op esou engem anticke fragille Site, wéi deem zu Biertreng. Am Bannenhaff vum Schlass wéilte se d'Bühn opriichten, huet d'Famill vun der Baronne verlauschtert. Wann een do op der Plaz stoung an och schonn op enger Concert war, freet ee sech automatesch: firwat do, a net ënnen op der Wiss, oder wéi se et zu Beefort maachen. Froen, déi d'Rout Kräiz mam Wuert „Konventioun“ beäntwert.
En Äiskeller deen e puer Meter erof an de Buedem geet, en Dëmpel, direkt nieft dem Bannenhaff, Gemaier, dat net allze stabil schéngt eng Infrastruktur déi keng richteg ass. Einfach gëtt dat mat Sécherheet fir den Organisateur net.
D'Rout Kräiz war scho Proprietär, wéi d'Schlass Patrimoine National gouf. Et gouf also decidéiert, dass den Objet derwäert ass, als nationaalt Denkmal geschützt ze ginn. Eng eegen Aktivitéit heiranner organiséieren, geet esou net, sou d'Rout Kräiz, déi awer net vu Cadeau Empoisonné wëllt schwätzen.
Et huet een dem Staat proposéiert, fir d'Schlass mat den Allentouren komplett ze kafen. Do war de Staat net um ganzen, éischter un eenzelen Deeler interesséiert. Elo soll dann am Hierscht dat an d'Vente goen, wou de Staat net drun interesséiert ass.
D'Rout Kräiz wëllt responsabel mat hirer Donatioun ëmgoen. De Festival Pangea in Love hätt bis elo zu Bäerdref näischt futti gemaach. Fir déi néideg Autorisatioune wiere net si, mä déi kompetent Autoritéiten zoustänneg. Erwaardungen un de Staat hätte si keng direkt. Wann de Staat dat hei net wëllt, verkafe si eben. Dobäi ass deen, deen e Site klasséiert, dach och mat dofir responsabel, oder? Dass dat hei am Land net d'Reegel ass, weist d'Schlass vun Eesebur. Klasséiert, fault et lues a lues viru sech hin. De Proprietäre ass iwwregens jorelaang scho keen anere wéi eise Staat!
Wësst Dir, firwat d’Regierung, d’Biertrenger Schlass, wéi si et offréiert krut, net kaf huet? Dat freet den DP-Deputéierte Bauler d’Kulturministesch um Mëttwoch an enger parlamentarescher Fro. Den André Bauler wëllt och wëssen, ob een haut, als Regierung, vläicht un den Terrainen intresséiert wier? Oder um Kaf an dem Nees-Opbau vun der Bréck zum Beispill, déi an der Zäit Schieren mam Schlass verbonnen huet? Dëse Site kéint jo als Musée oder kulturellen Zentrum an déi zukünfteg Nordstad integréiert ginn, sou d’Fro vum liberalen Deputéierten un d’Sam Tanson.