Staark PräishausseSchlechten Timing bei den Aidë fir Leit, déi mat Pellets hëtzen?

Tim Morizet
Am Kader vun der Tripartite goufen eng Rei Entlaaschtunge bei der Energie decidéiert. Bei de Pellets koumen d'Aidë fir e puer Leit awer ze spéit.
Schlechten Timing bei de Pellets-Aiden?
Am Kader vun der Tripartite goufen eng Rei Entlaaschtunge bei der Energie decidéiert. Bei de Pellets koumen d’Aide fir e puer Leit awer ze spéit.

Am Kader vun der Tripartite goufen eng Rei Entlaaschtunge bei der Energie decidéiert. D’lescht Woch koum dann och d’Annonce, datt déi Leit déi mat Holz, méi präzis, Holzpellets hëtzen, solle fir d’Joer 2023 ënnerstëtzt ginn. Eng Rei Acteure fannen et awer schued, datt bei dësem Calcul den Ufank vum Wanter vergiess gëtt - do, wou d’Bestellunge bei de Livreuren normalerweis erakommen.

De Cédric vu Méchela wunnt an engem vun 1.000 Haiser zu Lëtzebuerg, déi aktuell mat Pellets hëtzen. Pellets, déi déi lescht Jore enorm u Succès gewonnen hunn. De Problem: Duerch de Krich an der Ukrain sinn d’Stocke manner grouss ewéi Demande. Doduerch goungen d’Tariffer duerch de Plaffong.

“Déi alleréischt Liwwerung, déi ech hei am Haus krut, louch bei ongeféier 220 Euro d’Tonn. Elo si mer bei 700 Euro pro Tonn mat der TVA inclus. Dat ass 2,5 mol esou deier, ewéi virun annerhallwem Joer. D’Hausse kritt ee schonn anstänneg ze spieren.”

De Silo ass quasi eidel, et gëtt deemno frësch geliwwert. Schlechten Timing, well vum 1. Januar u soll d’Präishausse vun Holzpellets vum Staat gebremst ginn. Deemno solle Privatstéit eng Kompensatioun vu 35 Prozent kréien. Dat bis e Maximum vun 200 Euro pro Tonn. D’Gesetz soll dat ganzt nächst Joer gëllen.

De Silo war elo ebe virum Wanter eidel. Ech hunn elo missen nofëllen. Ech si mer bewosst, datt de legislative Prozess laang dauert, mee eventuell ass et jo méiglech, tëscht der Decisioun vum Regierungsrot bis den 1. Januar eng retroaktiv Solutioun ze fannen.”

Aner Hëtz-Alternative sinn deels scho méi laang gedeckelt, subventionéiert oder stabiliséiert. De Gas gouf vum 1. Oktober un op e maximale Plus vu 15 Prozent vum Präis am September gedeckelt. De Masutt gëtt zanter der Mëtt vum Joer subventionéiert – mat 7,5 Cent zanter dem Mee, a 15 Cent zanter dem 1. November. De Stroum gëtt vum 1. Januar 2023 ons op de Präis vun dësem Joer stabiliséiert.

Et ass wichteg, datt och d’Leit mat de Pellets gehollef kréien. A mengen Aen hätt déi Mesure och schonn éischter kënnen annoncéiert ginn. Vue, datt d’Wanterperiod jo och fir Pellets-Notzer schonn amgaangen ass.”

Vum éischte Januar u kann een an engem Haus mat dräi bis véier Bewunner esou 1.000 bis 1.200 Euro Euro spueren. Wie kann, rett sech bis an de Januar.

D’Leit bestellen den Ament einfach manner oder se kucke bis am Januar eens ze ginn. Dat wäert och fir eis méi e groussen Opwand gi punkto Logistik.”

Dat, fir datt et am Januar och net zu Retarde bei de Liwwerunge kënnt. Eng retroaktiv Mesure wier net geplangt, heescht et aus dem zoustännege Ministère. Den Energieminister Claude Turmes:

Déi Pellets-Aide ass immens komplizéiert. Mir wosste laang net, wie genau Pellets verkeeft. Contrairement zu Elektresch a Gas, déi jo enregistréiert Händler sinn. Dat war alles ganz komplizéiert. Dofir huet et och Zäit gebrauch bis, datt d’Annonce koum. Mir maachen et elo. Mee mir kënnen dat net retroaktiv maachen. Déi lescht Woche waren d’Temperature jo relativ douce. Wann elo verschidde Leit hu missen opstocken deet et mer fir déi Leed. Dann entschëllegen ech mech, datt mer net konnten hëllefen. Vum éischte Januar un awer gëllen d’Aide fir jiddereen.”

Zu Méchela ass d’Rechnung bezuelt. Op mat oder ouni Subsiden – hofft een op e mëlle Wanter.

Back to Top
CIM LOGO