
Op der RN07 tëscht Rolleng a Miersch war kuerz no 17.30 Auer en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Lëntgen an de Pompjeeë vu Miersch versuergt.
Déi selwecht Zäit waren d’Rettungsdéngschter vun der Nordstad an d’Rue de Stavelot op Dikrech geruff ginn, nodeems hei eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.
Eng 20 Minutte méi spéit gouf iwwerdeem zu Rodange an der Lëtzebuerger Strooss e weidere Foussgänger ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vum Sadiff an d’Pompjeeë vu Péiteng.
Kuerz no 19 Auer hat et dann nach op der RN04 tëscht derCloche d’Or a Leideleng tëscht zwee Ween geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Um Asaz waren d’Rettungsekippen aus der Stad.
Iwwerdeems war géint 7.20 Auer e Mëttwoch de Moien en Auto tëscht dem Kimm a Rammerech an de Gruef gefuer. D’Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vu Réiden a Rammerech waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.