Digital InclusionSchonn 100 Computere fir Schüler a Studenten geliwwert vun Asbl

RTL Lëtzebuerg
A Covid-Zäite brauchen all Schüler a Studenten ee Computer, fir doheem d’Schoul kënnen ze suivéieren.
Digital Inclusion
A Covid-Zäite brauchen all Schüler a Studenten ee Computer, fir doheem d’Schoul kënnen ze suivéieren.

Wat fir déi meescht eng Selbstverständlechkeet ass, ass et awer net fir jiddwereen.

Zanter dem 16. Mäerz huet d’Asbl Digital Inclusion scho ronn 100 Computeren u Kanner a Jugendlecher heemgeliwwert, déi net mat esou engem Apparat equipéiert waren.

Konditioun ass, datt se en Attest vum Office social hunn oder vun den Enseignante bei Digital Inclusion guidéiert goufen. Déi sozial Initiativ sammelt al Computeren a mécht si ewéi nei.

Ugefaangen huet se virun a puer Joer mat Aarbecht mat Flüchtlingen. Et goung drëm, engersäits Flüchtlingen mat der Aarbecht u Computeren nei Perspektiven ze ginn, anerersäits Computeren un arem Leit ze liwweren.

Mat hirer aktueller Aktioun wëllt d’Asbl dozou bäidroen, datt keng Schüler an dëser Krisenzäit benodeelegt ginn, just well si sech keen informatescht Equipement kënne leeschten.

Back to Top
CIM LOGO