
Dat betraffent Schoulbuch steet op verschiddenen 3e-Sektiounen um Programm. D'Aufgab freet d'Schüler auszerechne wéi vill wäiss a rout Faarf zwee Jonge musse mëschen, fir hir Kummer rosa unzesträichen. D'Nimm vun deenen zwee Jongen: Xavier an Etienne.
An der éischter Editioun vun deem Buch, dat aus der Belsch iwwerholl gouf, wieren et nach zwee Meedercher gewiescht, seet de Lex Folscheid aus dem Educatiounsministère. Den zoustännegen Aarbechtsgrupp hätt du fir déi zweet Versioun, déi 2015 an d’Lycéeë koum, d’Nimm geännert.
"Do wou eigentlech et kee Sënn mécht, fir just nëmmen déi zwee Meederchersnimm a Jongennimm ëmzewandelen, an dann och nach bei de Jongennimm nach de Virnumm vun eisem Premier a vun eisem Vizepremier. Mir ginn dovun aus, datt dat keen Zoufall ass. Dat wär en Zoufall, dee méi grouss wier, wéi e Sechser am Lotto oder vläicht zwee Mol am Liewe vum Blëtz getraff ze ginn."
Deemno géif een dovunner ausgoen, datt bewosst probéiert gi wier, homophob Stereotyppen eriwwer ze bréngen. D’Faite wieren de Staatsbeamtestatuten no mëttlerweil verjäert. Fir den Educatiounsministère wier allerdéngs kloer:
"Dass dat doten normalerweis hätt missen eng Affaire disziplinaire no sech zéien, wou dann de Kommissär, dee fräi ass a sengem Jugement, wouzou ech mech net kann äusseren, hätt missen zu deene Conclusioune kommen, zu deenen hien hätt misse kommen. Mä vun eiser Säit, hätt ee sécherlech dat do engem Commissaire de la discipline misse mellen."
Den Aarbechtsgrupp wier deemools am direkte Kontakt mam belschen Editeur gewiescht.
Duerch d'Reform vum Script-Gesetz vun 2017 wier dat haut anescht, well den zoustännege Service vum Ministère elo de Lien mat den Editeure mécht.
D'Buch gëtt elo zréckgezunn a fir d’nächst Joer gëtt eng nei Editioun bestallt. Well de Stock relativ limitéiert wier, géifen d’Käschte sech hei awer a Grenzen halen, esou de Lex Folscheid, e geneeë Chiffer géif een an den nächsten Deeg kréien. D'Buch sollt och nach ouni den Exercice weider benotzt ginn.
Den Educatiounsministère wier eréischt duerch d’parlamentaresch Fro vum Franz Fayot op de problemateschen Exercice opmierksam ginn – wéi et ka sinn, datt dat wärend dräi Joer kengem opgefall ass, respektiv keen et gemellt huet, kann ee sech net erklären.