
Eng Persoun war ageklemmt an huet missen erausgeschnidde ginn. Duerch deen Accident koum et zu engem zolitte Stau. Den Accident war géint 8 Auer. Kuerz virun 10 Auer war e geraumt an de Stau konnt sech lues a lues opléisen.
Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Réimech an Diddeleng, grad ewéi d'Asazzentere vu Munneref a Fréiseng, grad wéi de SAMU vun Esch.