
Wéi d’Police mellt, waren hei en Auto an e Moto dra verwéckelt. D’Strooss war blockéiert, wouduerch et a béide Richtungen an deem Beräich gestaut huet. Géint 15.30 Auer ass d’Strooss awer nees fir de Verkéier opgaangen.
Zwou Persoune goufe beim Accident verwonnt. Nieft dem SAMU vun Ettelbréck, waren och zwou Ambulanzen, grad ewéi d’Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad am Asaz.