
Op der Areler Autobunn gouf et an der Nuecht op e Freideg méi en uergt Accident. Géint 1 Auer war en Auto an e Signalisatiounscamion gerannt, deen do stoung. Zwou Persoune goufe blesséiert, mellt de CGDIS. De SAMU-Noutdokter war op der Plaz, nieft de Rettungsekippe vu Mamer, der Stad, Stengefort a Koler.
Zwee Blesséierter gouf et och méi fréi – géint 19.20 Auer - zu Uewerkuer an der Bielesser Strooss. Zwee Ween hate sech hei ze pake kritt. Hei waren déi lokal Ekippen am Asaz.
Zu Esch gouf et no 3 Auer eng Dampentwécklung an engem Restaurant. Déi Escher an déi Käler Pompjeeën waren am Asaz. Et blouf beim Materialschued. Mat engem weidere Feier haten d’Stater Pompjeeën ze dinn, nodeem zu Bouneweg Dreck gebrannt huet.