Kleng, lokal an nohalteg Geschäfter hate sech an de leschte Joren zu Lëtzebuerg etabléiert, ma duerch d’Pandemie an d’Finanzkris hu grad zum Enn vun 2022 vill vun hinnen hir Diere missten zoumaachen.
“Soen et ass flott, an ech kafe wierklech do an, dat ass dann awer Zweeërlee”, esou de Constat vum Laure Cales vu Pilea. 2020 huet d’Laure Cales hire Second Hand Buttek PILEA am Garer Quartier opgemaach. Obwuel Si vill positive Feedback krut, hätt se net genuch Clientë fir den héije Loyer ze bezuelen. Och als Pop-up-Store wier d’Konzept net lukrativ an d’Laure hätt de Projet Enn d’lescht Joer schwéieren Häerzens missen opginn.
Et misst sech politesch eppes änneren, fir datt esou kleng innovativ Geschäftsmodeller zu Lëtzebuerg realistesch wieren. Konkret bei hirer Branche beispillsweis duerch d’Erofsetze vun der TVA op Second-Hand-Kleeder, déi am Fong scho beim éischte Verkaf besteiert gi wieren, esou d’Geschäftsfra. Oder duerch d’Deckele vun de Loyeren.

D’Anne-Claire Delval war bei OUNI, dem éischte Buttek ouni Verpackungen zu Lëtzebuerg, fir d’Kommunikatioun zoustänneg. De Confinement hätt ee risegen Impakt gehat. 2016 hätt d’Kooperativ mat iwwerwältegendem Feedback ugefaangen: Mat engem éischten Opruff hätt ee bannent 48 Stonne genuch Suen zesummekritt. Enn September 2022 hunn och si hir Faillite bekannt ginn. Et wier net d’Konzept, wat net opgaange wier, mä den Timing wier schlecht gewiescht. Et wier elo eng éischt Well vun Initiativen der Pandemie an der Kris zum Affer gefall, mä d’Anne-Claire Delval ass iwwerzeegt dovun, datt nohalteg Geschäfter zu Lëtzebuerg eng Zukunft hunn.
Matten an der Pandemie huet d’Nadine Schartz a sengem feste Beruff als Journalistin gekënnegt an am Februar 2021 Joer hire Buttek GREENDATE opgemaach: “Lukrativ ass et net wierklech, mä ech wëll awer och net opginn.”
Och si huet op onverpaakte Liewensmëttel gesat. Ufanks wier dat och gutt gelaf, ma zanter der Krisesituatioun duerch de Krich géif ee mierken, datt d’Leit ufänken ze spueren, wann et ëm d’Iesse geet, an elo erëm éischter an d’Supermarchéen akafe ginn. Si huet dorop reagéiert, andeems d’Konzept erweidert gouf: Nieft Hygiènesartikelen, Dekoartikelen a faire Kleeder verkeeft Si mëttlerweil och Second-Hand-Kleeder. Déi géifen den Ament besonnesch gutt lafen, ebe grad och, well d’Leit op d’Sue géife kucken. Trotz erweidertem Konzept ka si net dovu Liewen a schafft elo nees an hirem ale Beruff.

Et wier grousst Potential am Secteur, esou d’Estelle Flammang vun On.perfekt. D’Geschäft ass leschten Hierscht opgaangen. D’Konzept: eng zweet Chance fir Liewensmëttel, déi am regulären Handel net verkaf kënne ginn. Och si hu mat Crowdfunding ugefaangen an hir Zieler iwwertraff. De Buttek ass dräi Deeg an der Woch op, a géif bis elo gutt lafen. D’Noriichte vun de Faillitten am Secteur wieren e Stressfaktor an et géif hinne virun Aen halen, wéi wichteg et wier, op verschidde Standbeen ze stoen.