Den Alex Bodry am Interview"Sech net un den Ausnamezoustand gewinnen"

Frank Goetz
Den Alex Bodry ass zanter engem Joer aus der aktiver Politik eraus. E verréckt Joer, mat engem Virus, deen alles op d'Kopp gestallt huet.

De laangjäregen LSAP-Politiker gëtt zou, datt et schonn an de Fangere kribbelt, fir op de sozialen Netzwierker aktiv ze ginn. An och, wann hien elo als Member vum Staatsrot misst oppassen, wéini a wat e seet, géif hie sech awer kee Maulkuerf undoe loossen.

Mir sinn an enger Aart Ausnamezoustand, seet den Alex Bodry. A seng Suerg ass et, datt sech déi Situatioun banaliséiert mat der Zäit, datt ee sech doru gewinnt. Et wären enorm Aschränkungen an eis Fräiheeten an et misst een ëmmer nees iwwerpréiwen, ob dat néideg ass. Ganz wichteg wär, ze erklären, firwat een zu enger gewëssener Decisioun komm ass.

Alex Bodry, Extrait 1
---automated---

Datt Persounen, déi geimpft sinn, nees Fräiheeten zeréck kéinte kréien, sou wéi dat an enger Rei Länner diskutéiert gëtt, ass fir den Alex Bodry net gutt. Sou eppes soll een net maachen, genee sou wéi een och keng Impfflicht soll aféieren.

Méi Vollmachte fir d'Regierung: keng Alternativ

Et wär eng Noutsituatioun. D'Texter vun der Regierung géifen an e puer Deeg ausgeschafft an och e Staatsrot hätt dacks d'Zäit net, fir déi néideg déif Analys ze maachen. Dat wär keng gutt Situatioun an doduerch wären och emol d'Gesetzestexter net esou gutt, wéi een dat gewinnt wär.

"Ech gesinn awer keng Alternativ. D'Alternativ wär, datt een der Regierung méi Vollmachte géif ginn, sou wéi dat an de meeschte Länner ass. D'Parlamenter sinn a ville Länner ausgeschalt. Ech fannen et awer gutt, datt d'Parlament an och de Staatsrot hei nach ka matschwätzen, och wann hiren Impakt net deen ass, dee se soss vläicht hunn."

Alex Bodry, Extrait 2
---automated---

Datt elo an dëser schwiereger Situatioun, eng Regierung aus dräi Parteie besteet, mécht fir den Alex Bodry kee groussen Ënnerscheed. Et hätt sech gewisen, datt 3er-Koalitioune mat knapper Majoritéit genee esou stabil kënne sinn, wéi 2er-Koalitioune mat grousser Majoritéit.

Eng Léier aus dëser Kris kéint de Respekt si vis-à-vis vun aneren, datt een net nëmmen no sech kuckt, mee och aus dem Bléckwénkel vun aneren d'Situatioun aschätzt a sech dann och esou verhält.

Interview mam Alex Bodry:
"Sech net un den Ausnamezoustand gewinnen", esou de Message vum LSAP-Politiker a Member vum Staatsrot.

Back to Top
CIM LOGO