CSVSécherheet: E Grondrecht, en Deel Liewensqualitéit, eng politesch Prioritéit

Monique Kater
Sécherheet, sech sécher fillen, ass e Grondrecht, en Deel vun der Liewensqualitéit, seet d'CSV a nennt dësen Dossier eng politesch Prioritéit.
CSV an d'Sécherheet
Sécherheet, sech sécher fillen, ass e Grondrecht, en Deel vun der Liewensqualitéit, seet d'CSV a nennt dësen Dossier eng politesch Prioritéit.

CSV an d'Sécherheet / Reportage Dany Rasqué

Zu ganzer 5 Deputéiert war d'Vollekspartei um séchere Wee op d'Gare komm, fir d'Regierung opzefuerderen, elo a net eréischt iergendwann an der Zukunft, Neel mat Käpp ze maachen. Fir d'CSV hu sech hir Léisungsvirschléi net geännert: Si fuerdert eng physesch Police-Presenz an de Stroossen, eng konsequent Video-Iwwerwaachung oder och nach e "Platzverweis", deen eppes daacht.

Déi 5 hei huelen dat doten eescht, well d'Leit een op d'Sécherheet oder hiert Sécherheetsgefill géifen uspriechen. Besser gesot: op de Manktem u Sécherheet, deen net just am Garer Quartier ronderëm geeschtert. De ganze Grand-Duché wier concernéiert, net vill vun deem, wat Schneider, Bausch an elo Kox, versprach hätten, wier realiséiert ginn.

Sou d’Analys vum Laurent Mosar, CSV Deputéierten a Stater Schäffen. D’Zäit vum schéine Geschwätz an de grousse Chamber-Debatten wier eriwwer. Et wier net eng Minutt bis 12, mee schonn eng Minutt driwwer. Gleeft een der CSV ass d'Regierung berodungsresistent.

Dobäi hätt ee Méiglechkeeten, déi si scho méi wéi emol proposéiert a presentéiert hätten, zum Beispill d'Policepatrullen, déi zu Fouss op der Gare ënnerwee sinn, Polizisten, déi vun der Politik de Réck gestäipt kréien, eng systematesch Videoiwwerwaachung. "Dajee, kommt in die Gänge", schéngt de Message vun der CSV.

De Maacher Buergermeeschter an CSV-Deputéierte Léon Gloden ass formell: Et ass hei keng Plaz fir Ideologie a scho guer net fir där grénger. D’Regierung misst a Saache Kameraiwwerwaachung a "Platzverweis" Faarf bekennen!

Eng Zort Conclusioun koum dunn am Fong vum CSV-Parteipresident, fir dee Fräiheet ouni Sécherheet, eng Illusioun ass. Béides misst garantéiert sinn an als responsabele Politiker misst een deemno fir d’Sécherheet am ganze Land suergen, mengt de Claude Wiseler.

Domadder wier jo dann net Alles, mee Villes gesot! E Walkampf ouni d'Thema Sécherheet wäert et mat Sécherheet net ginn.

© Tom Zeimet / RTL

PDF Affaire par Rapport zu den Infraktiounen

Back to Top
CIM LOGO