
Géint 15 Auer hat een alkoholiséierte Mann op der Theaterplaz an der Stad probéiert, ee Sécherheetsbeamte mat enger Glasfläsch unzegräifen. De Mann koum an de Passagearrest an et gouf ee Protokoll geschriwwen.
Dat gouf och eng Stonn méi spéit gemaach. An der Rue de Bitbourg zu Hamm hat nämlech eng Persoun refuséiert, aus engem Bus erauszeklammen. Wéi d'Polizisten den alkoholiséierte Mann kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, datt hien am Verdacht steet, an engem Buttek geklaut ze hunn. D'Saachen, déi vermësst goufen, hat hien nach ëmmer bei sech.
Géint 20 Auer owes krut d'Police dann nach ee Mann gemellt, deen an der Rue Pasteur zu Diddeleng randaléiere géing. Hie gouf wuel aus engem Café geschmass, nodeems hie sech do mat zwou anere Persoune gestridden hat. Well de Mann eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, koum hien an d'Ausniichterungszell. An och hei gouf ee Protokoll geschriwwen.