Tëscht Miedernach an der FielsSechs Blesséierter bei Kollisioun tëscht dräi Autoen

RTL Lëtzebuerg
Nieft engem Motocyclist, deen e Sonndeg gefall war, mellt de CGDIS nach en Accident, an deem dräi Gefierer am Coup waren.
© RTL

Kuerz virun 18 Auer ware sechs Persounen op der RN14 tëscht Miedernach an der Fiels blesséiert ginn, wéi et tëscht dräi Autoe geknuppt hat. Am Asaz war de SAMU aus der Stad, grad ewéi d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad, vu Lëntgen, Iechternach, der Fiels, Iermsdref a Miedernach.

Géint 17.26 Auer goufen d’Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng, Monnerech an Dippech op en Asaz um CR178 tëscht Lampech a Reckeng op der Mess geruff, nodeems hei e Motocyclist gefall war an dobäi blesséiert gouf.

Dräi Accidenter um Méindeg

D’Ambulanciere vu Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Käerjeng goufe kuerz no 6 Auer op den CR101 tëscht Kënzeg an dem belsche Messancy wéinst engem Blesséierten no enger Frontalkollisioun geruff.

Zu Clierf an der Route de Bastogne war géint 6.20 Auer en Auto an e Bagger gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Clierf, Wëntger an dem SAMU vun Ettelbréck versuergt.

Op der A4 tëscht Féiz a Steebrécken goufe kuerz virun hallwer 7 zwou Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch, Suessem-Déifferdeng a Monnerech.

Back to Top
CIM LOGO