
Eng Policepatrull ass op d'Plaz gefuer a huet do effektiv sechs opgebrachen Automate fonnt. D'Spueresécherung gouf derbäigeruff an et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Fir de Kriminellen op d'Spuer ze kommen, hofft d'Police entretemps op Hëllef aus der Populatioun. Wien eppes gesinn huet ass gebieden, sech um Policebüro vun Diekrech/Veianen ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per Mail un police.diekirchvianden@police.etat.lu. Och d'Gemeng Veianen huet an hire Soziale Medien en Opruff gemaach.
D'Police mellt dann och nach eng Rei Gefierer, an déi agebrach gouf. An der Nuecht op en Dënschdeg gouf d'Fënster vun engem Auto zu Gaasperech ageschloen. D'Täter hunn éischten Informatiounen no ee Laptop aus dem Won geklaut.
En Dënschdeg de Moie gouf ausserdeem nach aus enger Camionnette an der Rue des Mines zu Rëmeleng geklaut. Dobäi goufen eng Rei Schaffmaschinne geklaut. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.