Iwwert de WeekendSechs vum Parquet ordonéiert Alkoholkontrollen, 6 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
De Parquet hat grad an der Nuecht op e Samschdeg vill där Kontrollen ordonéiert an eng jett Automobiliste goufe kontrolléiert.

Eng éischt Kontroll war e Freideg den Owend tëscht 22 an 23.30 Auer zu Stroossen an der Areler Strooss. Hei goufen 78 Automobilisten ugehalen an ee vun hinnen hat ze vill gedronk. Hien huet misste bezuelen, de Permis huet hien awer dierfe behalen.

An der Lonkecher Strooss zu Bartreng war dann eng Kontroll tëscht 0.30 an 2 Auer. Hei goufen 52 Automobiliste kontrolléiert, sechs vun hinnen haten ze vill gedronk an zwee hunn de Permis ofginn.

Iwwer 5 Stonne vun 20 Auer e Freideg bis no 1 Auer e Samschdeg huet sech d’Police op der N10 an op der N11 opgehalen, fir hei Kontrollen zu Buerg, Iechternach an dem Grondhaff ze maachen. Bei dëse Kontrolle goufe 567 Automobiliste kontrolléiert, an 11 vun hinnen hate ze vill gedronk. Zwee Permise goufen hei agezunn.

An der Ettelbréckerstrooss zu Biereng goufe 70 Automobilisten e Freideg tëscht 22.30 an 23.30 Auer kontrolléiert, vun hinne war bei dräi de erlaabte Wäert iwwerschratt, et gouf awer kee Permis ofgeholl.

Tëscht Mëtternuecht an eng Auer e Samschdeg war d’Police zu Luerenzweiler am Asaz an huet hei 105 Chauffere blose gelooss. A siwe Fäll war de Peegel ze héich a bei zwee Autoe war déi technesch Kontroll ofgelaf. Ee Permis war fort.

Da gouf tëscht 23 Auer an 23.45 Auer E Samschdeg den Owend eng Kontroll an der Escherstrooss an der Stad duerchgefouert. 139 Leit goufen hei kontrolléiert, a siwe Fäll war den Test positiv an 2 Permise goufen ofgeholl.

E Samschdeg de Moie gouf géint 5.20 Auer e Won gemellt, deen zu Hamm an der Réimecher Strooss komesch gefuer ass an dono um Bord vun der Strooss stoe blouf. D’Polizisten hunn d’Gefier virfonnt an de Chauffer kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort. An der Rue Sigefroi an der Stad gouf e Won gestoppt, deen d’Montée de Clausen erop staark acceleréiert hat an d’Police ofgehaangen hat. Säi Permis war och fort, well hien ze vill gedronk hat an zwee vun den dräi Leit am Auto kruten nach e Protokoll, well si hire Sécherheetsgurt net unhaten.

An der Lëtzebuergerstrooss zu Esch war en Auto an en anere Won, deen do stoung, geknuppt. De Chauffer wollt fortfueren, wat Zeien awer verhënnert hunn. Och hei war de Permis fort. An der Stad krute sech vum Boulevard Joseph II zwee Ween ze paken, ee vun de Chauffer hat ze vill gedronk. Säi Permis gouf ofgeholl, deen anere Chauffer koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

E Samschdeg den Owend gouf der Police e Chauffer op der A1 gemellt, deen ofwiesselend extreem lues an dann nees séier gefuer ass, donieft och nach am Zickzack. Op der A6 huet den Automobilist dunn dat selwecht ofgezunn. An der Rue de Keelen zu Mamer ass d’Police dunn op de Won getraff. Dësen huet sech awer net vun den Handzeechen an de Bloe Luuchte stoppe gelooss an huet säi Wee weider gemaach. Doheem ukomm, huet hien d’Garage opgemaach a säi Won eragestallt. Ma éier d’Dier zougaangen ass, konnten d’Beamten de Mann kontrolléieren. Säi Permis war fort.

Géint 7 Auer e Sonndeg de Moien ass enger Patrull e Won opgefall, deen mat lafendem Moto op engem Busarrêt zu Hollerech stoung. D’Gefier gouf kontrolléiert. Et gouf festgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. De Permis war fort. An e Sonndeg den Owend ass zu Mäerzeg en Auto opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass a bal en Accident verursaacht hat. De Chauffer konnt doheem ugetraff ginn, den Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO