Eis Baueren, no bei eis!Selbsttest - Een Dag am Liewe vun engem Bauer

RTL Lëtzebuerg
Wéi gesäit den Alldag op engem Bauerenhaff aus? Kéi sträichen, de Stall mëschten an Trakter fueren. Mir hunn den Test gemaach, een Dag am Liewe vum Bauer.
Selbsttest - Een Dag am Liewe vun engem Bauer
Wéi gesäit den Alldag op engem Bauerenhaff aus? Kéi sträichen, de Stall mëschten an Trakter fueren. Mir hunn den Test gemaach, een Dag am Liewe vum Bauer.

Moies um 8 Auer bei schonn 22 Grad geet eiser Reporterin hiren Dag um Bauerenhaff zu Lellgen lass, dat mat feste Schong an enger Portioun Motivatioun.

Dem Roland Scharll säi Bauerenhaff ass deen eenzegen zu Lellgen. Viru puer Joer huet hien de Betrib vu sengem Papp, dem Lucien, iwwerholl a geréiert dat Ganzt elo zesumme mat senger Fra, dem Luzia.

Ma och, wa säi Papp elo eigentlech an der Pensioun ass, hëlleft hien ëmmer nach fläisseg mat. An esou huet hien dann och schonn direkt déi éischt Aufgab fir eis Reporterin: de Källefcher d’Mëllech ginn.

D’Mëllech, mat deenen d’Källefcher gefiddert ginn, gëtt waarm gemaach a mat Fluesssom vermëscht, duerch dee kréie se méi e schéine Pelz an hu keng oder seele Problemer mam Mo.

D’Källefcher sinn dem Alter no opgedeelt. Déi méi al dierfen net bei deene méi jonke sinn, well déi nach ze schwaach sinn, falls et mol eng Kéier zu engem Sträit sollt kommen. Déi ganz kleng Källefcher, déi grad mol puer Deeg al sinn, hunn all hiren eegene klenge Ställchen an och déi ginn all Moie vum Lucien gefiddert.

Bis zu 15 Stonnen no der Gebuert bleiwen d’Källefcher bei der Mamm a gi vun hier geniert. Duerno gi se vun hir fortgeholl a kréien awer nach 4 Deeg laang hir Mëllech. Hei um Haff kréie se déi aus engem Eemer. Dat musse si awer fir d’éischt mol léieren.

Duerno muss de Sträichroboter gebotzt ginn. Fir eraus op d’Weed mussen d'Kéi hei passéieren. D'Maschinn kontrolléiert dann, ob d'Kou gestrach muss ginn oder net.

Zanter e puer Joer leeft dem Roland säi Betrib mat "smart-farming-Techniken". Ënnert anerem huet hien de Sträichroboter an e Roboter, dee puer Mol am Dag Fudder verdeelt. Dat erlaabt et, dass d'Kéi esou selbstänneg wéi méiglech decidéiere kënnen, wéini si wat maache wëllen.

2010 huet de Roland decidéiert, op Bio ëmzesteigen. Seng 60 Mëllechkéi kréien also nëmme Bio-Fudder, dat gréisstendeels vum Roland senge Felder kënnt. Ausserdeem kréien d’Kéi an der Reegel keen Antibiotik an och keng Hormoner, fir dass se méi séier wuessen oder an d’Breet ginn.

Den Haff zu Lellgen ass e richtege Familljebetrib, och dem Roland säi Jong, de Jules, huet sech schonn abruecht an hält hei op engem klengen Terrain e puer Hénger. All Dag reeft hien d’Eeër a verkeeft se och selwer. D’Iddi war him komm, well e méi Täschegeld gebraucht huet.

Déi lescht Dagesaufgab fir eis Reporterin: "Schwaden" mam Trakter maachen. Dat si Linnen, déi mat enger spezieller Maschinn (Dem Schwader), déi un den Trakter ugemaach gëtt, geluecht ginn. Déi musse gemaach ginn, fir dass d'Botte kënne gepresst ginn.

Nieft all deenen Aufgabe ginn et nach eng jett aner Saachen, déi e Bauer a sengem Alldag erleedege muss. Den Abléck dee mir kritt hunn, war just e ganz klengen Deel vum Beruff vum Bauer.

Am Magazin war dann och de Marc Roeder, de President vun der Landjugend a Jongbaueren, bei eis op Besuch an huet nach iwwer weider Detailer mat eis diskutéiert.

De Marc Roeder war eisen Invité am Magazin
De President vun der Landjugend a Jongbauere war bei eis op Besuch an huet nach iwwer weider Detailer mat eis diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO