Wéi d'Police confirméiert huet, hätt de Chauffer siwen Heebotte verluer, wärend hien duerch Sëll gefuer ass. Dem Chauffer wier dat awer net opgefall. D'Aktioun gouf der Police vun engem Zeie gemellt.
Eng Policepatrull gouf op d'Plaz geschéckt an huet dës dunn ofgespaart. D'Botte goufen ewechgeholl, esou datt d'Strooss nees géint 10 Auer fräi war fir den Trafic.
Bleift nach z'erwänen, datt dësen Tëschefall keen Accident ausgeléist huet.