Am Oktober"Semaines de la Santé Mentale" brénge wichtegt Thema nees méi an de Fokus

Pit Risch
Am Kader vum Weltdag vun der mentaler Gesondheet den 10. Oktober organiséiert d‘Ligue Santé mentale hir fënneft Editioun vun de Semaines de la Santé Mentale.
Signaler fréi ze erkennen, ass besonnesch wichteg.
© ANDREW MILAS via Pexels

Mental Problemer si wäit verbreet. Déi Kéier stinn d'Wochen ënnert dem Slogan "Jiddereen dréit säi Päckelchen. Zesumme komme mir méi liicht virun." Och dëst Joer dauert de Programm net méi just eng, ma direkt zwou Wochen. De Lancement ass de 5. Oktober.

Semaines de la Santé Mentale / Rep. Pit Risch

Déi mental Gesondheet kennt keen Alter a geet eis all eppes un, sou d'Coordinatrice vun de mentale Gesondheetswochen, d'Dr. Astrid de Leeuw:

"D'Zil ass un sech dass jidderee versteet, dass d‘Santé mentale eis alleguer betrëfft. An och, wann ee Suergen huet - sief et perséinlech, familiär, mat der Schoul oder professionell - dass ee mat deene Suergen net eleng brauch ze bleiwen. Dofir de Fokus op "Ensemble", also op dat "zesumme komme mir méi liicht virun", wou mir och déi Ressourcë wëllen ervirhiewen."

"Semaines de la Santé Mentale" brénge wichtegt Thema nees méi an de Fokus
Am Kader vum Weltdag vun der mentaler Gesondheet den 10. Oktober organiséiert d‘Ligue Santé mentale hir fënneft Editioun vun de Semaines de la Santé Mentale.

Datt de Sujet sou aktuell ass, weist sech dann och an der Entwécklung vun den Zuelen, sou d‘Psychologin.

"Also d‘Evolutiounen, déi kënnen alarmant schéngen. D'Zuele sinn effektiv an de leschte Joren eropgaangen, wann een déi verschidde Studie kuckt. D'Froen, déi ee sech awer hannendru muss stellen: sinn et d‘Zuelen, déi eropgaange sinn oder ass et och well d‘Leit sech lo méi bewosst sinn, dass verschidde Symptomer och op psychesch Gesondheet kennen zréckzeféiere sinn? Wei zum Beispill, dass ee méi schlecht schléift, dass ee méi midd ass, dass ee manner Loscht huet, un Aktivitéiten deelzehuelen. Dass dat net onbedéngt ëmmer eppes Kierperleches ass, mee och eppes Psychesches ka sinn."

Et wier deemno besonnesch wichteg, d‘Signaler méi frei ze erkennen, fir dass och eng eventuell therapeutesch Ënnerstëtzung méi frei starte kann. Dofir muss een d‘Präventioun stäerken, Stigmatiséierungen ofbauen an am Generellen déi betreffend Acteure besser matenee vernetzen, heescht et vun de Responsabelen.

Am Kader vun de Semaines de la Santé mentale stinn dann och eng Rëtsch Aktivitéiten um Programm. Ënnert anerem invitéiert d‘Ligue Santé mentale op e gratis Festival den 10. Oktober zu Stroossen.

En Iwwerbléck iwwer fannt Dir och op http://www.semainessantementale.lu.

© Raphaëlle Dickes

Back to Top
CIM LOGO