Association Luxembourgeoise des Fonds d'InvestissementSerge Weyland gëtt neien ALFI-Generaldirekter

RTL Lëtzebuerg
No 16 Joer als Generaldirekter un der Spëtzt vun der ALFI, geet de Camille Thommes den 1. Januar an d'Pensioun.
© RTL-Grafik

Successeur vum Chef vun der Lëtzebuerger Fongen-Associatioun gëtt de Serge Weyland, deen zanter 25 Joer am Fonge-Business schafft, ënner anerem bei CACEIS, der BIL a bis lo als Direkter vum Edmond de Rothschild Asset Management.

Adjoint vum Serge Weyland gëtt den Emmanuel Gutton. President vun der ALFI, déi eng 1.500 Investment-Fongen duerstellt, déi hei am Land domiciliéiert sinn, bleift de Jean-Marc Goy.

De Camille Thommes sengersäits hat 2007 de Poste vum Generaldirekter vum Robert Hoffmann iwwerholl. Seng Karriär hat de Camille Thommes Mëtt 80er bei der BGL ugefaangen, fir du bei d’Spuerkeess ze wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO