Ma ëmmer nees kënnt et och duerch technesch Defekter dozou, datt Gefierer Feier fänken.
Wat geschitt, wa mäin Auto brennt?
Fir d’Assurancë mécht et fir de Proprietär vum Auto keen Ënnerscheed, ob e Feier duerch Brandstëftung entstanen ass oder duerch en techneschen Defekt, wéi zum Beispill e Kuerzen. Nëmmen am Fall, wou ee Kasko-verséchert ass, gëtt de Schued iwwerholl, soss muss ee selwer fir de Schued opkommen. Recours kann een awer géint de Brandstëfter maachen, respektiv, am Fall vun technesche Problemer, de Verursaacher vum Feier.
Wat geschitt, wa mäin Auto brennt duerch een anert Gefier?
Wann elo Autoen an der Géigend sinn an och duerch een anert Gefier Feier fänken, spillt, am Fall vum techneschen Defekt, d’Haftflicht vum Proprietär vum Auto, wou d’Feier ausgebrach ass.
Am Fall vu Brandstëftung ass d’Situatioun eng aner, esou de Marc Hengen vun der ACA, der Assurancen-Associatioun. Hei wier de Besëtzer vum Gefier, vun deem d'Feier ausgeet, net responsabel. Huet ee keng Kasko bleift een um Schued setzen, soulaang den Täter net ermëttelt ass.