Ugepasste Personalschlëssel a Crèchen a Maison-relaisenSeuil vun néidegen Ënnerschrëfte vu Petitioun 2707 erreecht

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Petitioun huet de Seuil vun den néidegen Ënnerschrëften erreecht, déi et brauch, dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber muss kommen.
© AFP Archivbild

D’Petitioun 2707, déi en ugepasste Personalschlëssel a Crèchen an a Maison-relaise fuerdert, gouf mëttlerweil vun iwwer 4.800 Leit ënnerzeechent. Natierlech mussen dës och dono nach validéiert ginn. Se leeft nach zwee Deeg laang. D’Petitionärin hätt gär, dass manner Kanner pro Educateur zougedeelt sinn, fir dass déi méi Zäit hunn, de Bedierfnisser vum Kand gerecht ze ginn.

En ëffentlechen Debat iwwer Petitiounen, déi nom 10. Mee validéiert ginn oder goufen, gi jo aus zäitleche Grënn eréischt no den nächste Chamberwalen organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO