
Et gëtt eng Zort Petitioune-Stau an der Chamber. All déi Petitiounen déi elo nach bis d’Walen déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte beienee kréien, wäerten net méi kënnen - wéi virgesinn - an ëffentlechen Debate mat de Petitionären diskutéiert ginn, esou d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.
Den Zäitplang wier ze enk an no der Summervakanz bis zu de Chamberswalen, wéilt ee keen Debat méi organiséieren.
Deemno wäerten all déi Petitiounen, déi elo nach Succès hunn, ënnert der nächster Regierung, also no de Walen am Oktober diskutéiert ginn.
De Gros vun de Petitionäre wier, no Récksprooch, och derfir, dass hiert Uleies eréischt an der nächster Legislaturperiod debattéiert gëtt. Se erwaarde sech do méi Succès fir hir Petitioun, wéi ënnert der aktueller Regierung.
Vun e Freideg u ginn et dann och nach nees 24 nei Petitiounen, déi kënnen um Chambersite ënnerschriwwe ginn an déi och an de Stau geroden an deemno just kënnen no den Walen debattéiert ginn. Dorënner eng Petitioun déi een ADAPTO-Service fuerdert, Zitat „qui fonctionne vraiment“. Eng aner fuerdert, dass Leit mat elektreschen Trottinette mussen eng giel West droen. An nach eng aner Petitioun fuerdert dass d’Führerschäinsexame weiderhin zu Wolz dierfe gemaach ginn.