Zanter Februar zejoert huet d' Lëtzebuerger Arméi e Service, dee fir d'Cyberdefense zoustänneg ass. Responsabel ass d'Sheila Becker. D'Invitée vun der Redaktioun huet ënnerstrach, datt hir Aarbecht awer net dorausser besteet, konstant hannert dem Computer ze setzen an aner Reseauen ze hacken, mee et ass éischter eng konzeptuell Schaff.
Wëll heeschen, et gi Pläng ausgeschafft wéi een, an enker Zesummenaarbecht mat den aneren Informatiks-Entitéiten vum Lëtzebuerg Staat, méi fir d'digital Sécherheet vum Land ka maachen.
Do dernieft ass d' Sensibiliséiere vun den Zaldoten e Schwéierpunkt. Zum Beispill datt si keng sensibel Informatiounen an de sozialen Netzwierker verroden.
Wat hir perséinlech Carrière ugeet, do huet d'Sheila Becker, eng studéiert Informatikerin, erkläert, datt si sech schonn ëmmer fir de Sujet Sécherheet interesséiert huet, an esou de Wee bei d'Arméi fonnt huet.
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Sheila Becker, Responsabel fir Cyber-Sécherheet bei der Lëtzebuerger Arméi.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.