BruchSickerbrand nieft engem Kamäin - Kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 5.30 Auer koum et zu Bruch an der Biisserstrooss zu engem Sickerbrand nieft engem Kamäin.
© CIS Béiwen/Atert

D'Pompjeeë vu Béiwen/Atert, Tënten a Lëntgen, esou wéi eng Ambulanz vu Mamer, en Pelotonchef an d'Police waren op der Plaz. D'Awunner goufe rechtzäiteg vun engem installéierten Dampmelder erwächt an dowéinst konnt souwuel e mënschlechen, wéi och gréissere materielle Schued verhënnert ginn.

Back to Top
CIM LOGO