No Reprochen iwwer MëssstännSigi mécht Wee fräi fir Auditprozess

RTL Lëtzebuerg
No de rezente Kriticken huet de Gemengesyndikat en Dënschdeg an enger Reunioun gréng Luucht gi fir zwee intern Auditen an eng extern Enquête.
© Sigi

An der Press an duerno och an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun goung an der Lescht rieds vu Mobbing, Verontreiung a Problemer mam Dateschutz.

An engem Schreiwes heescht et, de Büro wéilt eng komplett an detailléiert Analys maachen, esou wéi verschidde Gemengen dat gefrot haten. Een Audit soll sech dofir elo mam soziale Klima beschäftegen, en zweete mat der finanzieller Transparenz. Eng extern Enquête soll kucken, wéi zefridden d’Gemengen an d’Syndikater mat de Servicer vum interkommunalen Informatik-Gestionnaire sinn.

En Aarbechtsgrupp, an deem 3 Memberen aus dem Büro a 5 Memberen aus dem Comité vertruede sinn, krut d’Missioun déi Auditten an Optrag ze ginn.

PDF: Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO