
D’Kippchen an der Hand, ëmgi vu senge Léifsten an zesummen d’Freedefeier bewonneren: Dat ass bei sou munche Leit op Silvester Traditioun. Eng Traditioun, déi lues a lues verschwënnt an dat net onbedéngt fräiwëlleg.
Zu Lëtzebuerg ass et de Gemenge selwer iwwerlooss, ob bei hinne Freedefeier an der Silvesternuecht dierf geschoss ginn oder net. Ma déi lescht 2-3 Joer entscheeden ëmmer méi Gemengen, Knupperten a Freedefeier komplett ze verbidden.
Eleng 69 vun 102 Gemengen hu matgedeelt, dass an hirer Gemeng Freedefeier dëst Joer komplett verbueden ass. An anere Gemenge muss een eng Autorisatioun beim Buergermeeschter froen oder dierf just wärend enger gewëssen Zäitspan Freedefeier schéissen. A wéi enge Gemenge wat fir Reegele gëllen, kënnt Dir hei noliesen.
Fir de Verbuet vu Freedefeier ginn et e puer Grënn. Engersäits wëll een d’Ëmwelt schützen. Freedefeier mécht zwar nëmmen e ganz klenge Pourcentage vum Feinstëbs aus, deen iwwert d’Joer fräigesat gëtt. An awer hannerloosse Knupperten a Freedefeier an der Natur vill Dreck, ënnert anerem well verschidde Leit d’Iwwerreschter vun de Knupperten nom Ofschéissen net asammelen.

Dës weidere gëtt mam Verbuet versicht, Verletzungen a Schiet ze vermeiden. Et kënnt nämlech ëmmer rëm vir, dass e Knuppert an der Hand explodéiert, eng Persoun trëfft oder Autoen an der Ëmgéigend beschiedegt ginn.
Awer och Hausdéieren a wëll Déiere solle mam Verbuet geschützt ginn. Dës hunn nämlech vill méi sensibel Ouere wéi d’Mënschen a kënne ganz schlëmm op dat haart Geknupps reagéieren.
Ma de Verbuet kann net nëmmen deen een oder aneren nerven, dee Silvester gären e puer Knupperte geschoss huet, mee och Entreprisen am Freedefeier-Geschäft hu mam Verbuet vu Freedefeier ze kämpfen. Hei gitt Dir méi doriwwer gewuer.