Virun engem Joer huet et a verschiddenen Deeler vum Land esou staark gereent, datt et zu Iwwerschwemmungen a ganz vill Schued koum ass. De Mëllerdall a Greiweldeng ware mat am schlëmmste betraff. Ma just e puer Kilometer ewech, zu Aassel stoung d'Waasser och an dat fir déi 3. Kéier bannent 15 Joer. Wat huet sech zanter hier an der Gemeng gedoen?
Et war e Schreckament fir vill Leit zu Lëtzebuerg. Den 1. Juni 2018 stoung bei esou muncher engem am Grand-Duché d'Waasser am Keller Knéi-héich. De Schuet war grouss. Och zu Aassel stoung d'Waasser virun engem Joer deels e gudde Meter héich. D'Renovatioun an Botzaarbechte si bei ville Leit nach am Gaangen.
E Joer, an e puer Donnerwieder méi spéit, gesäit ee keng Initiativ zur Verbesserung zu Aassel. Enttäuschend, grad wann ee béi d'Noperen eriwwer luusst.
Ma et wier Beweegung an der Saach, esou de Buergermeeschter vu Bous Carlo Kütten. Eng Faisabilitéitsetüd gouf gemaach a koum am Abrëll mat Proposen zeréck.
Bis Enn dës Joers soll de Passage vun der Aassel-Baach ënnert der Strooss vergréissert sinn.
Ma op eng Verbindungsstrooss waart een elo schonn op d'mannst 10 Joer. Also och op de Réckfang-Becken. Et wieren zwar mat der Etüd eng Digue méi héich uewen un der Aassel-Baach geplangt, ma déi wieren onnéideg no der neier Strooss.
De ganze proposéierten Amenagement zu Aassel géif awer gutt 1,5 Milliounen Euro kaschten. E Jo, oder Nee zur Strooss vum Ministère géif d'Plangen also acceleréieren a méi bëlleg maachen.