Covid-19-Task-ForceSituatioun huet sech stabiliséiert, mä et gëtt keng wierklech Entspanung

Carine Lemmer
Mat 550 neie Fäll den Dag d'lescht Woch wier d'Situatioun weider kriddeleg, schreift d'Covid-19-Task-Force an hirer neister Aschätzung.
© AFP

D’Wëssenschaftler vu Research Luxembourg informéieren d’Regierung jo reegelméisseg iwwer déi aktuell Corona-Situatioun am Land a maache Projektiounen, wéi et kéint weidergoen.

Previsiounen ze maachen, ass den Ament schwiereg, well d’Situatioun ganz volatil wär. Déi gréisste Gefor géif et ginn, wann d’Entwécklung nees exponentiell wär. Dat kéint an der aktueller Situatioun de Gesondheetssystem séier iwwerfuerderen. Et misst een d’Neiinfektiounen drécken, fir ze verhënneren, datt déi nees no uewen ausschloen.

Weider Efforte sinn also néideg, seet d’Covid-19-Task-Force. Dat soziaalt Verhale vun eis all beaflosst d’Entwécklung - entweder an eng positiv Richtung, mä och eng negativ ass méiglech.

D’Zuel vun den aktive Fäll geet erof, mä bleift héich mat iwwer 8.000 Fäll. D’lescht Woch sinn d’Zuelen net weider zréckgaangen, mä par Konter liicht erop. Un der aktueller Situatioun hätt sech net vill geännert am Verglach mat de leschten 3 Wochen. Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,94. Ënner 0,8 wär gutt, fir d’Entwécklung anzegrenzen, sou d’Fuerscher.

Fir ze vergläichen: d’lescht Woch hate mer also 550 nei Fäll den Dag. Am August bis Mëtt September waren et der just 38 den Dag. Am Oktober koum et zu enger dramatescher Hausse. Am November hunn d’Zuele sech stabiliséiert. Den Ament bleiwe se héich a ginn nëmme lues erof.

De Spriecher vun der Covid-19-Task-Force, de Professer Paul Wilmes, war den Invité am Journal op der Tëlee.

De Professer Paul Wilmes am Interview
Previsiounen ze maachen, ass den Ament schwiereg, seet de Spriecher vun der Covid-19-Task-Force.

Back to Top
CIM LOGO