
Ganzer siwe Leit goufe verwonnt, wéi géint 0.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg en Auto am Rond-Point beim Tunnel Micheville zu Esch accidentéiert ass. Nieft de Rettungsdéngschter vun Esch, Péiteng a Schëffleng koum och e Samu aus der Stad als Renfort. Detailer iwwer d’Accident ginn et bis ewell nach keng. Zu Schëffleng huet an der Rue de l’église géint 21.20 Auer eng Kiche gebrannt. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.
Op dem CR353A vu Groesteen a Richtung Nuechtmanescht ass e Samschdeg am Nomëtteg géint 16.40 Auer e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann och nach tëscht Dikrech an Ierpeldeng. Kuerz virun 20.30 Auer e Samschdeg den Owend gouf et hei en Accident mat engem Auto.
De CGDIS mellt dann och nach een Accident um Sonndeg de Moien. Um 7.30 Auer ass op der A6 a Richtung Arel, op der Héicht vu Stroossen, en Auto accidentéiert. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
Kuerz virun 8 Auer huet e Sonndeg de Moien zu Schëtter an der Rue de l’église op enger Terrasse gebrannt. Hei gouf kee verwonnt.