CGDIS-BulletinSiwe Blesséierter um Freideg

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum 112 goufen e Freideg op fënnef Asätz uechter d'Land geruff. Zwee Mol ware Gefierer kollidéiert, een aneren ass an e Bam gerannt.
© RTL

Et war en Auto, dee géint 12 Auer zu Biissen géint e Bam gefuer ass. Zwou Persoune goufe blesséiert, d’Rettungsekippen aus der Nordstad a vu Biissen waren op der Plaz.

Um 13 Auer gouf et dunn déi éischt Kollusioun tëscht zwee Autoen zu Bouneweg. Och hei goufen et zwee Blesséierter. Am Asaz waren d’Rettungsekippen aus der Stad.

Kuerz drop goufen d’Rettungsekippe vun Diddeleng op Diddeleng geruff. Hei hat et an engem Lift gebrannt, blesséiert gouf keen.

Géint hallwer 4 ass huet sech de Mëtteg en Auto zu Conter iwwerschloen. D’Rettungsekippen aus der Stad a vu Mutfert waren am Asaz. Et gouf ee Blesséierten.

Eng Stonn méi spéit waren d’Rettungsekippen aus der Stad dunn nees am Asaz. Dëst Kéier hat et tëscht engem Bus an engem Auto um Kierchbierg geknuppt. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO