
De Führerschäin ofgeholl kruten och 2 Chaufferen, déi e Samschdeg den Owend an de Mëtten duerch hire Fuerstil opgefall sinn. Deen ee gouf géint 18 Auer owes zu Mamer an der eegener Garagenafaart kontrolléiert, nodeems e virdrun am Zickzack, ofwiesselend séier a lues, d’éischt iwwert d’Tréierer an dunn iwwert d’Areler Autobunn, gefuer ass. Deen anere stoung de Sonndeg de Moie géint 7 Auer mam Motor un op engem Busarrêt zu Hollerech.