
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si siwe Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.032.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 3.057 positiv Fäll bei 7.487 Tester. Mat den Zuele vum Weekend zielt de Grand-Duché elo 211.280 Corona-Infektiounen zanter dem Ufank vun der Pandemie.
E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 9,77 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 9,55 op 100.000.
Den Ament sinn 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner véier Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.274.467 Impf-Dosisse genotzt, 471.905 Persoune si komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaaux louch bei 11,62 Prozent.