Den elektresche Compteur! Wat gëtt et méi Banales? An awer dréine sech zënter enger Zäit ganz vill Diskussiounen uechter Europa iwwer déi néi intelligent Compteuren oder Smartmeteren, wéi se genannt ginn, déi den Ament och hei zu Lëtzebuerg an alle Stéit installéiert ginn. Intelligent, well se direkt mat der Zentral kommunizéieren an de Verbrauch vum Consommateur am 15-Minutten-Takt de Gestionnaire vum Reseau matdeelen.
Anti-Smartmeter-Aktiviste reprochéieren dëser Technologie, eng Intrusioun an d'Privatliewe vun de Leit ze sinn an eng zousätzlech Stralequell, déi eis Ëmgéigend ëmmer méi mat Elektrosmog verknascht.
Wat stécht alles vu Wourechten hannert dem Smartmeter a wat si Märercher? Dat probéiere mer an dësem Reportage ze klären.
De Smartmeter sollt, enger europäescher Direktiv aus dem Joer 2009 no, an 80% vun den europäesche Stéit installéiert sinn, dat bis spéitstens 2020. All eenzelt Land ka selwer doriwwer decidéieren, wéi et sech uleet, fir dës Direktiv ëmzesetzen.
Europa huet sech als Zil gesat, bis dohinner 20% méi Energie anzespueren, 20% méi op erneierbar Energien ze setzen an 20% méi Effikassitéit ze hunn.
PDF: Déi europäesch Direktiv (A).PDF: Déi europäesch Direktiv (B).Mat dëser Direktiv soll Europa och eng besser Gestioun kréien tëschent der Produktioun an dem Verbrauch vum Elektresch. Et geet enger Säit dorëm, fir eng méi präzis Lecture vum Verbrauch ze hunn, anersäits fir domat de Verbraucher och ze responsabiliséieren, fir seng Consommatioun besser ze geréieren.
Lëtzebuerg huet am Joer 2012 e Gesetz gestëmmt, fir dëst ze realiséieren. Responsabel fir d'Ëmsetzung ass "Luxmetering", de Groupement d'intérêt économique (GIE) vun de 7 Lëtzebuerger Gestionnairë vum Elektrizitéits- a Gas-Marché.