D’Agence Luxinnovation huet 2022 210 Betriber beroden, gehollef 46 Start-uppen ze lancéieren, 88 Demande fir national Subsiden ënnerstëtzt a gehollef knapp 75 Milliounen Euro EU-Gelder fir Lëtzebuerger Betriber ze kréien.
E Méindeg de Moie gouf Bilan gezunn, bei enger Firma, déi Roboter baut fir Solarzellen ze botzen. Déi huet viru 5 Joer mat 3 Leit ugefaangen. Mëttlerweil hätt een 20 Mataarbechter a 5 Modeller, déi tëschent annerhallwem a 6 Meter laang sinn. De Marché géing sech séier entwéckelen, seet de Generaldirekter vun der Entreprise.
De Christophe Timmermans, Generaldirekter SolarCleano: “Säit dem Ufank vum Krich gesi mer ëmmer méi ganz grouss Anlagen. Virum Krich war ee GigaWatt eng ganz grouss Anlag oder déi gréisst. Mëttlerweil schwätze mer vu véier GigaWatt-Anlagen a souguer e Projet an Australien vun 20 GigaWatt fir de Stroum duerno a Südostasien ze verkafen. D’Entwécklung vum Solarmaart läit bei 30% pro Joer, mir hunn dëst Joer 300 GigaWatt erreecht weltwäit, nächst Joer wäert dat nach bis 450 GigaWatt weltwäit erop goen.”
SolarCleano ass eng vu 16 Entreprisen, déi vum Nohaltegkeetsprogramm vu Luxinnovatioun profitéiert hunn. Et géing een nach eng gewësse Retizenz bei de Lëtzebuerger Betriber feststellen, wann et ëm d’ekologesch Ëmstellung geet, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. An Zukunft soll nach méi am Beräich vun der Nohaltegkeet investéiert ginn, vun der Gesondheet, awer och an dat hätt ee virun 2 Joer sou wuel nach net héieren, vun der Verdeedegung.
De Franz Fayot, LSAP-Wirtschaftsminister:
“Mir hunn als Europäer verstanen, dass mer musse méi an eis eege Verdeedegung investéieren an dat gëllt och fir Lëtzebuerg. Mir wëssen, dass mer mussen eise Budget an d’Luucht setzen als Nato-Member, well mer net genuch an d’Defense investéieren. An dat ass, dat kréie der natierlech Opportunitéiten och fir fir d’Wirtschaft, dass Betriber musse Produiten, Servicer hierstellen, déi an der Defense relevant sinn.”
Dozou sot nach d’Sasha Baillie, Generaldirektesch Luxinnovation: “Krise sinn an engem gewësse Sënn fir d’Innovatioun, eng Opportunitéit, well et ass ganz oft an enger Kris, wou ee sech wierklech bewosst gëtt, wat ee muss änneren an do ass d’Innovatioun eng Äntwert dofir. Dat heescht, mir gesi ganz kloer de Volet vun der Securitéit, an d’Securitéit kann ee gesi vum geopoliteschen aus, mee awer och vum Klima. An do wou eng Angscht ass, wou e Problem ass, do kann d’Innovatioun eng Äntwert bréngen.”