
“Ech si just de Message-Iwwerbrénger”, sou d’Ministesch Martine Deprez, wéi si an der Chamber gefrot ginn ass, ob si sech eng Ouverture beim Remboursement vu Brëller kéint virstellen.
E Mëttwoch de Moie gouf d’Petitioun mat der Nummer 2967 an der Chamber debattéiert. An dëser gëtt jo gefuerdert, dass de Brëll an Zukunft komplett vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert gëtt.
Déi jonk Petitionärin war eleng, ouni Expert un hirer Säit an d’Chamber komm, fir hir Petitioun, déi 5.474 Stëmme kritt hat, ze presentéieren.
“D’Brëllegestell kann ee villäicht net zu 100 Prozent rembourséieren, et ass en Accessoire, mee et kann ee villäicht de Remboursement vun 30 Euro e bëssi eropschrauwen”, sou d’Jade Emini virun den Deputéierten. Leit, déi e Brëll hunn, kéinten awer näischt dofir, dass se net gutt gesinn. Deemno misst een de Remboursement bei Brëlleglieser eropsetzen. 30 Euro pro Glas wier net immens vill. Si géing do u Leit mam Mindestloun oder mat ville Kanner denken. “Wann een 2,5 Prozent vu sengem Bruttosalaire selwer muss en Charge huelen, kann een e Remboursement complémentaire froen”, erkläert d’Ministesch vun der Sécurité Sociale Martine Deprez. Dës Woch hätt d’CNS eng Publicitéitscampagne lancéiert.
Riets gaangen ass dann nach doriwwer, dass et misst iwwerhaapt och e Remboursement fir Sonnebrëller mat Stäerkt ginn, a fir Sécherheetsbrëller oder Sportsbrëller, besonnesch fir Kanner. Och den Delai, dass een normalerweis just all 3 Joer e Recht op en neie Brëll huet, gouf kritiséiert. Dësen Delai géing awer net fir Kanner bis 14 Joer gëllen, huet d’Ministesch präziséiert.
Relativ séier huet den CSV-Deputéierte Marc Spautz awer musse feststellen, dass ee wichtegen Acteur bei der Diskussioun géing um Dësch feelen. “An dat ass d’CNS, well d’Nomenclature gëtt festgeluecht vun der Generalversammlung vun der CNS”, sou säi Constat. Dat géing esou net ganz stëmmen, huet sech d’Martine Deprez verdeedegt. Si géing schliisslech e Vertrieder vun der Regierung an den CNS-Verwaltungsrot schécken. Op d’Fro vun der Presidentin vun der Petitiounskommissioun der Francine Closener (LSAP) no dem Debat, ob si sech dann eng Ouverture vum Remboursement fir Brëller kéint vu Regierungssäit aus virstellen, huet si dann dëst geäntwert: “Ech si just Message-Iwwerbrénger. Mäi Representant ass ee vu 17. Dat heescht dee kann de Message mat virun huelen. Ech kann awer net de Sozialpartner virgräifen, ob déi de Message mat ophuelen oder net.”
80 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg brauchen e Brëll. D’CNS kritt an deem Sënn pro Joer Rechnungen an Héischt vu 57 Milliounen Euro agereecht, vun deene 16 Millioune rembourséiert ginn. D’Mënsche mat Brëll bleiwen also op 41 Millioune sëtzen. 11 dovunner ginn zu Laaschte vun de Monturen an 30 zu Laaschte vun de Glieser.