Tëscht Schëndels a Goussel"Sondermüll" fonnt, Zeie gesicht

RTL Lëtzebuerg
Um Bord vun der Landstrooss CR101 huet en Trëppeler um Méindeg de Moien allerhand Elektroschrott fonnt ... an d'Police geruff.
© Police

Eng futtis Wäschmaschinn an e kapotte Stëbssuckler - ënnert anerem dat huet en Trëppeler um Méindeg de Moien tëscht Schëndels a Goussel (Gousseldeng) fonnt. Nieft dem Elektroschrott waren och e Streckbriet an Deeler vu Miwwelen illegal deponéiert ginn.

D'Saache louchen einfach am Stroossegruef.

Den Trëppler huet d'Police informéiert an déi sicht elo Zeien: Wie weess, wéi d'Saachen dohi komm sinn oder wiem se gehéiert hunn, dee soll sech bei der Police vu Miersch um Tel. 2 44 90-1000 mellen.

D'Ponts et chaussées vu Miersch hunn de "Sondermüll" oftransportéiert a fachgerecht entsuergt.

© Police

D'Police mécht an deem Kontext och drop opmierksam, datt et verbueden ass, d'Dreck einfach an d'Landschaft ze puchen. Esou Aktioune géifen op alle Fall protokolléiert ginn. D'Strofen, déi op dat illegaalt Deponéiere vun Dreck stinn, gi vun 49 iwwer 145 bis op 250 Euro. Ausserdeem ass duerno d'Entsuergen ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO