D'Fondation Cancer organiséiert dëse groussen Evenement. E soll d'Leit, déi géint de Kriibs kämpfen, ënnerstëtzen an un déi erënneren, déi de Kampf verluer hunn.
Fir de 25. Gebuertsdag vun der "Fondation Cancer" sinn déi 375 Ekippen dëst Joer 25 Stonnen gelaf - vum Samschdeg 19.30 Auer bis e Sonndeg 20.30 Auer. Ronn 13.000 Leefer waren am Asaz - en neie Rekord!
FOTOGALERIE: Andréck vum Sonndeg vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.
Zënter 2006 gëtt de Relais pour la vie organiséiert. Hunn ugangs ronn 3.000 Leit matgemaach, huet déi Zuel sech antëscht méi wéi vervéierfacht.
2 Milliounen Euro huet d'Fondation Cancer d'lescht Joer an d'Recherche investéiert. Mat der 14."Editioun vum Relais pour la vie hoffen déi Responsabel, eng 500.000 Euro u Suen ze sammelen.
