
Dofir dréit d’Chambre des métiers de Budgetsprojet vun der Regierung mat, quitt datt se och Reserven huet. Ënnert anerem, datt a gudden Zäite keng Reserven opgebaut gi wieren. Voll Ënnerstëtzung gëtt et fir déi héich Investissementer, dorënner déi an d’Energie-Transitioun.
Bei der Presentatioun vun hirem Avis e Mëttwoch de Moien huet d’Handwierkerkammer sech iwwregens géint eng Upassung vun de Steier-Barèmen un d’Inflatioun ausgeschwat. Net just well de Sputt net do wier, mee well déi méi fragil Stéit am mannste géingen dovunner profitéieren. Ugeschwat op d’Iddi, just d’Tranchë vun der Mëttelschicht méi ze strecken, do waren d’Vertrieder vun der Handwierkerkammer scho manner retizent. Mee trotzdeem misst ee sech an hiren Ae wéinst der aktueller Ongewëssheet besser gedëllegen. Riskéiert een net, datt ouni Steierreform d’Leit ëmmer méi Drock maache fir méi Pai? Op déi Fro huet de Chef-Ekonomist vun der Handwierkerkammer, den Norry Dondelinger, geäntwert: “Drock op d’Paien hu mir souwisou, wéinst dem Manktem vu Main d’œuvre”.
De Norry Dondelinger huet de Mëttwoch de Moien awer och d’gratis Servicer kritiséiert, well déi relativ deier wieren an eng “Vollkasko-Mentalitéit” géinge fërderen. Woubäi déi Servicer net “gratis” sinn, mee um Enn vum Steierzueler finanzéiert ginn. Op d’Fro, ob et dann an deem Fall net besser wier, amplaz vu gratis Servicer, d’Leit steierlech ze entlaaschten, do huet de Chef-Ekonomist vun der Handwierkammer just mam Kapp “Jo” gewonk.