No Kritik wéinst Fermeture vu MaternitéSozialisten aus dem Norden onzefridde mat Reaktioune vun anere Parteien

RTL Lëtzebuerg
Nodeems uganks der Woch d'Maternité zu Ettelbréck zougaangen ass, mellt sech elo d'LSAP Norden an deem Dossier zu Wuert.
© RTL Archivbild

D’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den LSAP-Sozialminister Claude Haagen hätten an enger drénglecher Reunioun eng séier Léisung an Aussiicht gestallt. Net zefridde weise sech d’Sozialisten aus dem Norde mat deenen anere Parteien. Déi gréng an d’DP hätten d’Ministere kritiséiert, ouni d’Hannergrënn ze nennen, firwat d’Maternité zougemaach gouf an ouni Léisungen ze proposéieren.

De Virstand vun der LSAP Norden kritiséiert an hirem Communiqué e Mëttwoch den Owend och den Ettelbrécker CSV-Deputé-Maire Jean-Paul Schaaf. Deen hätt d’Decisioun, fir d’Maternité zouzemaachen, als Member vum Verwaltungsrot vum Spidol matgedroen a gläichzäiteg eng dréngend parlamentaresch Fro zu deem Thema gestallt.

PDF: Schreiwes LSAP Norden

Back to Top
CIM LOGO