
An deem Sënn ass den Ament eng Wirtschaftsdelegatioun an de Vereenegten Arabeschen Emirater op Space-Missioun.
Um 72sten internationalen Astronautekongress IAC huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot weider Detailer zum Lëtzebuerger Space-Fong «Orbital Ventures» genannt.
"Dee Fong huet elo e Closing vun 120 Milliounen Euro, dat heescht deen huet elo 120 Millioune gesammelt. Do hu mir als Land och co-investéiert. D’Iddi ass natierlech, datt mer an Entreprise vum "New Space" investéieren, vun deem Secteur, dee mer developpéieren. Mir hoffen natierlech och, datt déi Entreprisen op Lëtzebuerg kommen. Mir erwaarden an erhoffen eis also Emploi a Croissance. Dëse Fong ass ee weidere Pilier vun eiser Strategie."
De Fong, deen op der Lëtzebuerger Finanzplaz geréiert gëtt, huet an divers Entreprisen investéiert, ënner anerem an eng brittesch Satellittefirma, an eng hollännesch Dateplattform oder nach an en amerikanesche Roboter-Produzent.
Da gouf et u Bord vun der Wirtschaftsmissioun vum Minister Fayot och d‘Annonce, datt Lëtzebuerg e Space Campus kritt, wou all d‘Acteuren aus dem Weltall-Beräich op enger Plaz regruppéiert solle ginn.
Ënner anerem wäerten d‘Lëtzebuerger Space Agence sou wéi den Europäesche Space-Zenter ESRIC do en neit doheem fannen. Wou dee Campus hikënnt, dat gëtt à ce stade nach net verroden.