11 nei PetitiounenSpekulatiounssteier a méi kleng Klassen an der Grondschoul gi gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg sinn 11 Petitiounen online, déi bis de 27. Februar op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

Gefuerdert gi beispillsweis en Abezuel-System op all de Bankomater, méi kleng Klassen an der Grondschoul an eng Steier op Immobilien, déi eidel stoe gelooss ginn. Och eng onofhängeg Enquête-Kommissioun, déi Conclusiounen iwwert déi national Gestioun vun der Corona-Pandemie soll zéien, gëtt gefrot. Eng aner Petitioun wënscht sech, dass ee sech mat enger Vignette a senger Gemeng iwwerall kéint mam Auto parken.

E Beschäftegungsvertrag mat Schüler a Studente soll méiglech gemaach ginn, och baussent de Schoulvakanzen. Ee weidere Petitionär hätt gären en Enduro-Bike-Park am Süde vum Land.

Den Detail fënnt een um Site petitions.lu.

Back to Top
CIM LOGO