
De Rapport, deen de fréieren IGF-Direkter Jeannot Waringo zanter Juni am Gaang ass, iwwert den internen Fonctionnement vum Haff ze maachen, soll no engem knappen hallwe Joer bis virun der Chrëschtvakanz virleien.
Dëst huet de Staatsminister an der Chamberkommissioun fir d'Institutioune confirméiert. Wéi et heescht, ass d'Zil vum Waringo-Rapport, dass Een en Aperçu iwwert d'Fraise vum Haff kritt. Notamment déi, déi d'Personalkäschten ausmaachen. Ënnersicht gëtt am Rapport och d'Gestioun vum Personal, dat beim Haff ugestallt ass.
Nodeem d'Regierung de Rapport vum Spezial-Representant Waringo nächst Mount kritt, wäert dat Schrëftstéck am Januar an der Chamberkommissioun vum Staatsminister presentéiert ginn. Eventuell Propositioune sollen dann ewell an de Budgetsprojet 2021 afléissen.
Fir d'nächst Joer stinn iwwerdeem 10,6 Milliounen Euro fir den Haff am Staatsbudget. Dëst ass eng hallef Millioun manner, wéi et nach fir dëst Joer de Fall war. Dorënner d'Representatiounsfraise fir déi groussherzoglech Famill, déi dat nächst Joer ewechfalen. Déi hate sech fir 2019 op ronn 245.000 Euro chiffréiert haten.
D'Chamber huet iwwerdeem am Staatsbudget fir d'nächst Joer ronn 47 Milliounen ze gutt, dëst sinn 4 Millioune méi, wéi nach dëst Joer. D'Hausse erkläert sech, wëll d'Indemnités de Secretariat fir d'Fraktiounen an d'politesch Sensibilitéite pro Deputéierten ëm ronn 2.800 Euro eropginn. Den Ament läit dës Zomm pro Deputéierte bäi ronn 3.700 Euro.
Wat d'Reform vun der Verfassung ugeet, huet d'CSV hir Revendicatiounen an domat de Blockage e Stéck opginn, sou datt d'Kou an deem Dossier e Stéck vum Äis ass. Eens goufe sech d'Deputéiert nämlech fir d'Debatt iwwert de Walsystem vun där iwwert d'Verfassung z'entkoppelen. Deemno gëtt separat iwwert de Cumul vun de Mandater respektiv iwwert dat eventuellt neit Strukturéiere vun de Walbezierker geschwat.
Iwwert d'Reform vun der Verfassung goufen et och informell Reuniounen, déi lescht Wochen tëscht den 4 Chamberfraktiounen. Dëst huet den Alex Bodry confirméiert. Eng Informatiounscampagne iwwert dee neien, proposéierte Verfassungstext, déi fir den Hierscht geplangt war, bleift op Äis geluecht.
Bis Mëtt Dezember kënnt d'Institutiounekommissioun vun der Chamber weider 3 Kéiere beieneen.