Satellitte "Made in Luxembourg“Spuedestéch fir eegen SES-Produktiounshal

Pierre Jans
De Grondsteen fir en neit Kapitel an der Geschicht vun der SES ass geluecht...
Spuedestéch fir eegen SES-Produktiounshal
De Grondsteen fir en neit Kapitel an der Geschicht vun der SES ass geluecht. Aus dem renge Satellitte-Bedreiwer gëtt elo och en industriellen Acteur.

Aus dem renge Satellitte-Bedreiwer gëtt elo och en industriellen Acteur. Heescht: d‘SES entwéckelt a produzéiert no iwwer 40 Joer elo selwer och Satellitten-Technik. Dat net um Siège vun der Firma am Betzder Schlass, mä op der Kockelscheier an enger Produktiounshal, do wou och de staatleche Space Campus entsteet. Deemno war bei der offizieller Zeremonie och d‘Regierung vertrueden.

Schonn Enn 2027, also a manner ewéi annerhallwem Joer, soll dat hei Gebai fäerdeg sinn, versprécht d‘Constructiounsfirma. D‘Satellitte-Fabréck vun der SES op der Kockelscheier op Réiser Terrain. D‘SES erfënnt sech net nei, mä se erweidert hir Pallett. Den Direkter Adel Al-Saleh erkläert: "D‘Evolutioun ass an e puer Phasen: am Ufank ass et den techneschen Equipement, dee mir a Satellitten abauen. An Zukunft kënne mir méi Komponenten vun engem Satellitte selwer bauen, dat hänkt och vun de Marchéen of. Mä elo hu mir de Choix, Elementer selwer ze bauen, a se net méi bei aneren ze kafen."

Ëm 300 Mataarbechter – dorënner vill héich-kompetent Leit Ingenieuren an anerer – sollen hei schaffen. Den éischten Satellit Made in Luxembourg soll d‘Fabréck schonn Enn 2028 verloossen.

An engem provisoresche Labo gëtt elo schonn entwéckelt a getest. Och dat kruten d‘Invitéeën houfreg gewisen. D‘SES kann et net erwaarden. An deem haart ëmkämpfte Satellitte-Business géif Stëllstand bedeiten, ze verléieren: "Hei sinn Innovatioun, nei Talenter an Industrie zu Lëtzebuerg dran. Dat ass méi ewéi e Spuedestéch. Et ass en neit Kapitel vu Lëtzebuerg am Weltall."

E kommerzielle Volet huet dëse Meilesteen allemol, d‘Satellitten an Zukunft net méi bei anere kafen ze mussen, mä en huet fir d‘Land och e strategeschen Volet.

"Mir hätte gären, dass Lëtzebuerg e Leader am Weltall ass a bleift. Mir gesi wat an Amerika geschitt an dofir brauchen Europa a Lëtzebuerg och Leaderen an deem Domaine. Et ass wichteg fir eis Autonomie, déi grad an dësen Zäite muss gestäerkt ginn. Dofir war ech och virun zwou Wochen um Space Summit zu Paräis. Mir hätte gär, dass Lëtzebuerg am Space eng grouss Roll spillt. Fréier waren dat Satellitten déi Televisiounsprogrammer diffuséiert hunn, muer ass et och sécher Kommunikatioun, déi fir d‘Defense noutwenneg ass. Dofir ass d‘SES déi Firma, déi mir ënnerstëtzen, als Land an deem d‘SES gebuer ass, mä och als Aktionär, fir an e puer Orbitten d‘Zukunft am Satellitteberäich ze stäerken."

Hei op der Kockelscheier entsteet ronderëm d‘SES och de Space Campus. Domat geet d‘Visioun vum fréiere Premier Pierre Werner, ënnert deem sengem Impuls d‘SES 1985 gegrënnt gouf, vu Lëtzebuerger Satellitten an déi nächst Phase.

Back to Top
CIM LOGO