
Bei der Spuerkeess géingen d’Leit opgefuerdert ginn, fir Luxtrust- a Bankdonnéeën erauszeginn. D’Zil wier et, fir dono Operatioune mat deenen Daten ze realiséieren.
D’Bank gëtt de Cliente an deem Kontext eng Rei Consignë mat op de Wee. Ënner anerem soll een ni confidentiel Donnéeën un onbekannt Interlocuteuren eraus ginn a just d’Plattforme vun der Spuerkeess notzen.
D’BGL fir hiren Deel warnt virun Appeller, déi am Numm vun der Bank gemaach ginn a wou Finanz-Placementer mat héijem Rendement versprach ginn.
Betraffener solle sech beim Service Client vun der Bank mellen.