
"Mir brauchen e staarkt a vereentent Europa fir staark an erfollegräich Entreprisen." Esou d'Fedil um Donneschdeg, wou Representantë vun der Mamme-Federatioun Business Europe op Besuch waren.
An déi hunn opgeruff, bei den Europawalen am Mee wielen ze goen a virun allem pro-europäesch Parteien z'ënnerstëtzen.
D'EU hätt den Entreprisen eng enorm Vereinfachung bruecht, och wann d'Bürokratie heiansdo schwéierfälleg wier, esou de Pierre Gattaz, President vu Business Europe. D'EU hätt eisen haitege Liewensstil erméiglecht, deen et ze schütze gëllt.
Grad an Zäiten, wou massiv Konkurrenz aus China oder den USA kënnt, misst Europa zesummeschaffen fir laangfristeg kënne matzehalen.