
Ronn 60 Milliounen Euro huet d'SNCI (Société Nationale de Crédit et d'Investissement), also déi Institutioun, iwwert déi de Staat a Betriber investéiert, respektiv hinne Prêten accordéiert, am Joer 2018 investéiert. Dat ass ronn dräi Mol esou vill, wéi nach am Joer virdrun.
Déi Responsabel vun der SNCI hunn den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberskommissioun e Méindeg de Moien hire Rapport presentéiert. De gréisste Posten am Bilan ass weiderhin d'Participatiounen u relevanten Entreprisen. Dat an Héicht vu knapp 380 Milliounen Euro.
Eng 11 Milliounen Euro goungen als Kreditter u verschidden Entreprisen, fir kënne Material ze kafen. De Gros dovun ass un Handwierksbetriber gaangen. D'SNCI war jo 2018 an d'Diskussioun geroden, well si hir Participatioun un der Firma „Planetary Resources“ mat enger Perte vun 12 Milliounen Euro verkaaft hat.