VerhütungsmëttelStaat iwwerhëlt 100% vun de Käschten

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. Abrëll dëst Joer u ginn d'Käschte fir all Zort vu Verhütungsmëttel zu 100 Prozent an ouni Alterslimitt vum Staat iwwerholl.

Dozou gehéieren ënnert anerem d’Pëll, d’Spiral, den Implant oder och d’Vasectomie. Eenzeg Ausnam sinn d’Kondomer. Dës kritt een awer op ganz ville Plazen uechter d’Land gratis. Zum Beispill an de verschiddene Büroe vun der HIV-Berodung, den Zentere vum Planning Familial oder dem CHL.

D’Santé installéiert iwwerdeems Automaten an de Schoulen a schafft aktuell un engem Konzept, fir dës gratis zur Verfügung ze stellen.

Back to Top
CIM LOGO